News

Recent News:

Umeldungsformular & Porte ouverte

 

Dir hutt Interessie bei de Caper Piwitschen deelzehuelen? Dat freet eis immens! 

Opgrond vum héischen Undrang am Moment hu mir eng Waardelëscht wou dir iech hei drënner kennt androen.

Older News:

Schwäizer Owender

 

D'Umeldung fir eisen traditionelle Schwäizer Owend ass op.

Mir freeën eis Iech do ze begréissen!

Mellt Iech nach bis de 6.11. bei eis un.


Scoutskiermes ab 16h

Heimatter invitéiere mer Iech ganz häerzlechst op ons Scoutskiermes e Samschdeg, 17. Juni ab 16h.

Mat Spiller an Animatioun fir d'Kanner vu 16h bis 19h beim Chalet vun de Caper Piwitschen.

Am Burgermenu mat dran sinn:

fir 15€ de Menu, bestellbar iwwert onsen online Shop, bis spéidstens den 10.6.23 :

Ab 16h gëtt et Gedrénks, Gegrills a Fritten. De Burger gëtt ab 18h00 zerwéiert.

Bei Froen : piwitschen@piwitschen.lu

Annuléieren mat Remboursement vum Burgermenu bis den 10.6.23 inclus méiglech per Mail op piwitschen@piwitschen.lu 

LOST IN THE DARKNESS

De Lost in the Darkness ass e Nuetsrallye, den dëst Joer seng 20 Joer féiert!

D'Piwitschen um Kielener Chrëschtmaart 


All weider Infos fannt dir hei: https://www.kehlen.lu/agenda/ficheevent/chreschtmaart-26-11-2022

Niklosmaart bei de PI

Endlech ass et erëm esou wäit!

 

No eiser Kleesercherssortie gëtt et e leckere Glühwäin, Feuerzangenbowl oder e Schocki fir Grouss a Kleng. 

D'Kanner verkafen och erëm hier selwer gemaach Kichelcher & Gebastels.

 

Mir freeën eis op iech!

Caper Piwitschen

AG Caper Piwitschen 2020 - 2021 Video

Léif Member,

dir wëllt e puer Andréck vun eisem Scoutsjoer 2020 - 2021 ? Da kuckt iech eis Zesummefaassung fir eis AG un:

https://www.youtube.com/watch?v=jQKLZf1EMYI

Och e grousse Merci un eis Videoproduzentinnen!

D'Caper Piwitschen um Kielener Chrëschtmaart

Kommt eis besichen op eise Stand um Chrëschtmaart zu Kielen op der Gemengeplaz.

Datumer:

Sa. 27.11. 11:00 - 22:00

So. 28.11 12:00 - 19:00

Kommt bis laanscht iessen a genéisst eng vun de ville leckere Saachen um Chreschtmaart. Géint d'Keelt hu mir leckere Bio-Glühwäin an awer natierlech och eis legendär Feuerzangenbowl. 

Den Accès op de Chrëschtmaart leeft ënnert dem Regime CovidCheck. 

Mir freeën eis op iech!



Link Gemeng Kielen:

https://www.kehlen.lu/agenda/fiche/2021/11/27/kielener-chreschtmaart-copy


Link Facebook Event:

https://fb.me/e/8u4GzEGuz

D'Piwitschen op Instagram!


D'Caper Piwitsche sinn ab dem 12.11.2019 net nëmmen op Facebook, mee elo och op Instagram ze fannen.

Gidd mol bis laanscht kucken an abonnéiert eis!